Evènement

Info-Owend zum Thema Demenz

Date de création
-
Catégorie
Téléphone

 

 

Dënschdeg, de 14. Januar um 18.30 Auer am Centre communal zu Wëlwerwolz

 

Informatiounen an Erklärungen vum Här Alain Tapp, Responsabel fir d'Weiderbildung bei der ala (Association Luxembourg Alzheimer). Info-Owend op Lëtzebuergesch.

Theme vum Info-Owend

  • Alzheimer an aner Demenzformen
  • Diagnos a Symptomatik
  • Ëmgang mat der Diagnos
  • Ënnerstëtzung a Bewältegung am Alldag
  • Liewe mat Demenz
  • Servicer vun der ala
  • Froen an Äntwerten

ala plus, Ären Hëllefs- a Fleegedéngscht doheem elo och zu Wëntger


 

ala plus assuréiert en Encadrement an eng Begleedung am Alldag duerch eng professionell a multidisziplinär Equipe. No Bouneweg, Esch/Uelzecht an Ierpeldeng un der Sauer huet d'ala elo och e Büro zu Wëntger.

Servicer déi ala plus proposéiert

  • Prestatiounen am Kader vun der Fleegeversécherung
  • Fleeg, Encadrement a Begleedung am Kader vun der Gesondheetskeess
  • Hëllef bei den Haushaltsaarbechten
  • Ënnerstëtzung vun den Familljememberen
  • Interventiounen a Mesuren, déi d'Autonomie favoriséieren
  • Präventivmoossnamen, déi d'Liewensqualitéit verbesseren