Am Kader vum „Nationalen Dag vum Bam 2017" gouf op Invitatioun vun der Kiischpelter Gemeng am Gemeinschaftsbongert zu Pensch en Äppelbam geplanzt. Op engem vereentene Nomettig hon zwee Pappen e Lach gegruewen,de Bam geplanzt an en mat engem Poul gestäipt. Symbolesch steet dese Bam fir all Meedercher a Jongen, déi am Laf vum vergaangene Joer 2016 an der Gemeng op d'Welt komme senn. Op Wonsch konnten d'Familljen sech ee vun der Gemeng offréierte Bam fir an hiren eegene Gaart bestellen.
