Actualité

DEN ËMGANG MAM COVID 19 (CORONAVIRUS) AN DER GEMENG KIISCHPELT

Ëffnungszäite vun der Gemengeverwaltung

Nodeems d'Gemengenhaus seng Diere fir de Public wéinst der Pandemie vum COVID-19 den 18.03.2020 zougemaach hat, kënnen d’Sekretariat, de Populatiounsbüro an d’Recette vun haut 2. Juni 2020 erëm fir de Public opgemaach ginn.

Mir weisen iech drop hin, datt am Gemengegebai eng Mask oder e Mondschutz muss gedroe ginn, grad wéi d'Mesurë vum Social Distancing mussen agehale ginn.

Fir laang Zäiten am Populatiounsbüro ze vermeiden, braucht dir fir d’Ufroe vun enger neier Carte d’Identité oder engem Pass bis op Weideres nach ëmmer e Rendezvous, rufft eis duerfir un um 921445-21.

Gestioun vum Offall

Den Haushaltsooffall, d'Valorlux (Plastik) an Pabeier gëtt weiderhin wéi um Offallkallenner ofgeholl.
Aus organisatoresche Grënn sinn de Containerpark zu Lentzweiler an zu Réiden bis op Weideres een Dag iwwert deen aneren op. Hei drënner fannt dir en Tablo mat den Ëffnungszäiten.
Des weideren gëtt drop higewisen dass d'Leit net sollen méi Dreck maachen, wéi firun der aktueller Situatioun och.
Fir méi Informatioune kënnt dir iech um Site vum SIDEC renseignéieren:

SIDEC
Offallkalenner 2020


Chèque-Services

Alleguer d'Kontrakter vum Chèque-Service, déi an der nächster Zäit auslaafen, ginn automatësch verlängert bis den Ausnamezoustand eriwwer ass an mussen eréicht dann verlängert ginn.

Carte d'identité

Ebenesou fir d'Carte d'identitéen, déi an der nächster Zäit oflaafen, mussen net direkt verlängert ginn an kënnen no dem Ausnamezoustand verlängert ginn. Fir laang Zäiten am Populatiounsbüro ze vermeiden, braucht dir fir d’Ufroe vun enger neier Carte d’Identité oder engem Pass bis op Weideres nach ëmmer e Rendezvous, rufft eis duerfir un um 921445-21.

Ëffentlech Evenementer

All ëffentlech Evenementer déi vun haut bis den 31. Juli 2020 inclus an der Gemeng sollte stattfanne sinn ofgesot, respektiv ginn op e spéideren Datum verréckelt.

Öffentlech Plaaze

D'Spillplaaze sinn ab Haut rëm op fir d'Kanner, déi och ouni Mask an Sëcherheetsofstand dierfen do spillen.

Probéiert déi physesch sozial Kontakter ënnert eneen ze vermeiden a gitt nëmmen an d'Ëffentlechkeet wann et wierklech néideg ass. Befollegt d'Uweisungen déi vun der Regierung virgeschriwwe ginn!!!

Dir kënnt gäre vum gudde Wieder profitéieren, dir kënnt eraus an d'Natur goen, mee maacht et eleng oder mat de Léit mat deenen dir souwisou doheem zesumme wunnt.

Bleift Doheem!

Allgemeng Recommandatiounen

De Schäfferot réit de Bierger sech onbedéngt un déi offiziell Recommandatiounen vun der Regierung ze halen, all néideg Informatiounen zum Thema sinn um Site vum Santésministère ze fannen:

www.sante.lu

Dossier Coronavirus

Dës Mesurë gëlle bis weider Uweisunge vun der Regierung kommen.

Weider Recommandatiounë an Informatiounen:

Angschtzoustänn, wat maachen?