Actualité

eReUse – Mobile Bag

Les informations sont disponibles en français sous forme de flyer en bas de page.


 


 

Al Handyen, déi net méi gebraucht ginn, kënnen nach een gudden Zweck erfëllen. Se kennen fir hier Materialien recycléiert ginn, déi soss net méi an den Circuit erakommen oder engem aneren hëllefen. An dësem Sënn huet d’Caritas an Zesummenaarbecht mat digital-inclusion.lu eng Aktioun gestart bei där een seng al Handyen, déi een net méi braucht, kann spenden.

 

 

 

An der Gemeng Kiischpelt kann een an dësem Zesummenhang deemnächst säin Handy op der Gemeng ofginn fir se ze spenden oder eng Enveloppe ufroen fir den Handy ofzeginn. Dobäi kënnt et net op den Alter vum Handy un oder ob all d’Accessoiren, wéi zum Beispill de Chargeur, dobäi sinn. D'ugefroten Enveloppë kann een dann einfach op enger Sammelstell oder beim Bréiwdréier ofginn:

Kontakt: Christophe Meyers
Tél.: 921445-23

Fir ze vergréisseren, uklicken

 Image d'un mobile bag
Beispill vun enger Enveloppe "Mobile Bag"

 

Klickt hei fir d'Sammelstellen ze kucken

D’Handye ginn dann entweder, wann méiglech, gefléckt fir dass een se ka benotzen deen drop ugewisen ass oder sech selwer kee ka leeschten oder se gi recycléiert. Ier dir den Handy lass schécken kënnt, muss en op Wierksastellungen zréckgesat ginn fir all Är Donnéeën ze läschen. Falls dat net méiglech ass, gëtt en fachgerecht entsuergt an d’wäertvoll Ressourcë recycléiert.

Fir méi Informatiounen / Pour plus d'informations:

Flyer: Mobile Bag

Annonce Wort eReUse

Facebook: https://www.facebook.com/MobileBagLuxembourg