Actualité

VERSAMMLUNGE MAT DER POPULATIOUN ZUM THEMA REFORM

​De Reformprojet iwwer d’Police trëtt den 1. August dëst Joer a Kraaft. Verschidde Saachen, net nëmmen d’Approche vun der Police,
änneren: mir gi vu 6 op 4 Policeregiounen, mir schaffen anescht um Niveau vun de Kommissariater, mir proposéieren nei modern
elektronesch Outilen, d’Police kritt nei Kompetenze fir besser kënnen ze hëllefen a mir ginn nei Weeër am Kampf géint d’Kriminalitéit.

WAT GËTT ET NEIES AN ÄRER REGIOUN?

Mir informéieren Iech a sti Ried an Äntwert, a Präsenz vum Vizepremierminister a Minister fir bannenzeg Sécherheet Étienne Schneider
an der Staatssekretärin fir bannenzeg Sécherheet Francine Closener

Klickt hei fir den Flyer mat den Rendez-vousën op ze maachen