Actualité

Vakanzenjob an der Gemeng Kiischpelt fir Studenten

VAKANZAARBECHTEN FIR STUDENTEN A STUDENTINNEN

Wéi all Joer gi Studentinnen a Studenten engagéiert, fir an der grousser Vakanz op der Gemeng ze schaffen.

Et handelt sech hei ëm manuell Aarbechten, fir déi keng extra Qualifikatioune verlaangt ginn (Botzen, Raumen, Usträichen, dobausse schaffen, Grénganlagen asw.)

Engagementsperioden:

17.07. – 28.07.2017 oder  31.07.–11.08.2017

14.08. – 25.08.2017 oder  28.08. – 08.09.2017

Déngschtzäiten si vun 7.30 -12.00 Auer a vun 13.00 -16.30 Auer

Et gi maximal 10 Kandidate ugeholl. De Schäfferot behält sech d'Recht vir déi Kandidaten, déi kee genauen Zäitraum uginn, op déi Engagementsperioden  ze verdeelen wou Plaze fräi sinn. Prioritéit ass fir déi Kandidaturen déi d'lest Joer net ugeholl gi sinn. D'Kandidate gi nëmmen ugeholl, wann si och fir déi 2 Wochen wou se sech gemeld hunn, do sinn.