Actualité

Télévie - Riederwierssel, Luuchtekontroll a Carwash

Mir wiesselen Eech d’Rieder a maachen ären Auto 🚗 prett fir de Wanter. ❄
Ee Samschdig, den 20. Oktober 2018 vun 08h00 bis 16h00 Auer am Gemengenatelier zu Wëlwerwolz.

Präis 20,00 € pro Auto ❣

Fir weider Infoe kënnt dir eis gären um Büro vun der Gemeng kontaktéieren. Tél.:921445-21 ☎

De Carwash Service 💆 gëtt ugebuede fir 15 € pro Auto vun der Equipe vun der Crèche "Am Holzhaus"

D'Luuchtekontroll ✅ gëtt vun der Garage Michels Sàrl vu Klierf duerchgefouert ❣

Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt.

Organiséiert gëtt och eng Stee 🔨, déi um 14h00 Auer am Gemengenatelier zu Wëlwerwolz statt fënnt. D’Material kënnt dir Eech ab 10h00 Auer ukucken.
Folgend Material gëtt versteet:
- Zwou Camionnetten,
- Ee Kipper,
- Een Tellerwiermer,
- Informatescht Material,
- an nach villes mei…

 

D'Fotoë vun den Saachen déi versteet ginn gesitt dir hei:

Steefotoen



Den Erléis ass fir den Télévie - Centre de promesse Kiischpelt

Eng Aktioun vun de Politiker an dem Personal vun der Gemeng Kiischpelt

#TelevieKiischpelt #Charity #Carwash #Winter #Auction #Reifenwechsel