5. internationale Quiltfestival am Kiischpelt

 

 

 

den 17. bis de 20. Mee 2012

Den Organisatiounskomitee « Quiltfestival 2012 » huet déi grouss Freed Eech anzelueden op déi 5. Oplag vum internationale Quiltfestival zu Wëlwerwolz.

No 2004, 2006, 2008 an 2010 steet elo schonn déi 5. Editioun um Programm, déi vum 17. bis 20. Mee 2011 am Kiischpelt stattfënnt. Fir 4 Deeg verwandele sech déi Kiischpelter Dierfer erëm an eng faarwefrou an lieweg Galerie.

Op Scharatt an Tratt, op an de Kierchen, a verschiddene Scheieren, an de Gemengesäll oder a Bistroe fannt dir Ausstellungë vu Kënstler aus aller Welt. Donieft gi verschidde Coursen a Workshopen organiséiert an an der flotter Akaafsstrooss zu Wëlwerwolz fannt Dir alles zum Thema Quilt.

Op dësem Site kritt Dir all néideg Informatiounen zum Concours, deen am Kader vum Festival organiséiert gëtt, souwéi zu den Ausstellungen an dem Programm. Mir freeën eis elo schonn Eech op dësem flotten Evenement am Kiischpelt begréissen ze kënnen.

 

Weider Informationen an och Umeldungen fir den Concours:

http://www.sik.lu/index.php?article_id=89&clang=0

Non
Non