Actualité

Madame July Horsmans-Krekelberg vun Alschend krut 90 Jor

Madame July Horsmans-Krekelberg vun Alschent krut 90 Jor.

D’Julie Krekelberg ass de 16. Februar 1927 zu Maasbracht (NL) gebuer. Als jonkt Meedchen wëllt si Léierin ginn. Da kënnt de Krich. Gott säi dank konnt d’Liewen nom Krich erëm virugoen. D’Julie Krekelberg gëtt Léierin. Mat vill Passioun a Freed, mat Häerz a Séil ass d‘Julie Joffer. Sie hat eemol 54 Kanner an enger Klass! Dat muss een sech haut emol virstellen. An där Zäit mécht d’Julie Musek a gëtt och Musek weider.

Dunn, op eemol, ass hir „dee Richtegen" iwwert de Wee gelaf, a mat bal 36 Joer ass d’Julie Krekelberg mam Leo Horsmans bestuet ginn. An da kommen 2 Kanner op Welt, d’Jacqueline an den Wim.

1974 kënnt nach eemol eng grouss Ännerung an hierem Liéwen. Zesumme mat hirem Mann Leo an de Kanner plënnert d’Julie Horsmanns op Lëtzebuerg. Do wëllen si zesummen zu Walsduerf e Camping opbauen. Do empfänkt an ëmsuergt si d'Leit, mat vill Engagement an Léift.

No 13 Joer haart schaffen, geht et endlech an d’Pensioun. D’Julie an de Leo Horsmans an de Wim plënneren vu Walsduerf op Alschent. Hei krit d‘July Horsmans erëm Zäit fir Musek ze maachen. Sie spillt erëm Gei, och an engem Orchester, geet spadséieren, mécht Ausflich mam hirem Mann, krit vill Besuch. Di zwee Kanner d'Jacqueline an den Wim si bestuet. D’Julie Horsmanns gesäit hir 3 Enkelkanner opwuessen.

Leider stierft hire Mann, den Leo vill ze fréi, am Joer 2004. D‘Julie Horsmanns bleift dynamesch. Sie hëlt Coursen an der Gei beim Caroline Cuyx an der Klierfer Museksschoul, übt fläisseg fir JUWILO (Ofkierzung vu July, Wim + Louis, si spillen Gei, Querflütte a Piano zesummen), knëppt sozial Kontakter andeems si 2 Mol am Mount Kaarten spille geet, zu Kautebaach an zu Wëlwerwolz.

„Ech sinn 90!" stellt d’Madame Horsmanns fest. An elo? Samstes mam Auto akafe fueren – heiansdo Besuch empfänken – sech gutt virbereede fir de JUWILO – an de Geienexamen packen – an… 100 Jor al ginn! Mindestens!